Biographie

Den Ursprong vun eisem Familljebetrib geet zeréck bis bei dem Marc säi Papp, de Josy Bertholet, dee schonn als Usträicher zu Beetebuerg am Betrib Geier geschafft huet. Wéi de Marc dunn am Alter vun nëmmen 14 Joer säi Papp verluer huet, wor hie fest entschloss a sengem Papp seng Foussstapfen ze trieden an och d'Usträicherhandwierk ze léieren.

 

1970 huet hie seng Léier beim Usträicherbetrib Aloyse Durbach ugefaangen a gläich duerno seng Gesellen− a Meeschterprüfung mat Bravour gepackt.

Den 18. August 1980, nëmmen 10 Joer nodeems dem Marc seng Carrière als Usträicher ugefaangen hat, huet hie säin eegene Betrib « Peinture et Décors Marc Bertholet » zu Leideleng gegrënnt. Mat engem Léierbouf huet de Betrib ugefaangen an all Joer si méi Gesellen dobäi komm. Nëmmen ee Joer no der Grënnung vum Betrib gouf e méi grousst Haus zu Leideleng kaaft, wou den Familljebetrib nach bis haut säin Atelier huet.

 

Ufank 2013 gouf dunn aus « Peinture et Décors Marc Bertholet » deen neien Betrieb « Peinture et Décors Marc Bertholet et fils S.à.r.l » Ënnert der Leedung vum Marc sengem Bouf Jeff Bertholet ginn nach ëmmer all Aarbechten ewéi Bannenaarbechten (z.B. Tapezéieren, Buedem verleeën, Dekoratiounsaarbechten...) a Baussenaarbechten (z.B. Fassaden) ugebueden.

Mir soen op dësem Wee alle Gesellen a Léierbouwen, an all eise Clienten, fir déi mir geschafft hunn an nach wäerte schaffen ee grousse Merci, well ouni si all wäre mir lo haut net do wou mir lo sinn.