Geschicht vun der Firma « Peinture et Décors Marc Bertholet et fils s.a.r.l »

Logo

Den Ursprong vun eisem Familljebetrib geet zeréck bis bei dem Marc säi Papp, de Josy Bertholet, dee schonn als Usträicher zu Beetebuerg am Betrib Geier geschafft huet. Wéi de Marc dunn am Alter vun nëmmen 14 Joer säi Papp verluer huet, wor hie fest entschloss a sengem Papp seng Foussstapfen ze trieden an och d'Usträicherhandwierkze léieren.

1970 huet hie seng Léier beim Usträicherbetrib Aloyse Durbach ugefangen a gläich duerno seng Gesellen− a Meeschterprüfung mat Bravour gepackt.

Den 18. August 1980, nëmmen 10 Joer nodeems dem Marc seng Carrière als Usträicher ugefaangen hat, huet hie säin eegene Betrib « Peinture et Décors Marc Bertholet » zu Leideleng gegrënnt. Mat engem Léierbouf huet de Betrib ugefaangen an all Joer si méi Gesellen dobäi komm. Nëmmen ee Joer no der Grënnung vum Betrib gouf e méi grousst Haus zu Leideleng kaaft, wou den Familljebetrib nach bis haut seng Atelieren huet.

1998 huet dunn och dem Marc säin eelste Fils Yves decidéiert, sengem Papp an d'Usträicherhandwierk nozegoen, a 5 Joer méi spéit och säi jéngste Fils Jeff. Elo wor de Familljebetrib komplett.

Iergendwann koum dann och Zäit fir sech lues a lues aus dem Betrib zeréckzezéien, an deenen zwee motivéierte Jonken hir Chance ze ginn. Ufank 2013 gouf dunn aus « Peinture et Décors Marc Bertholet » deen neien Betrieb « Peinture et Décors Marc Bertholet et fils S.à.r.l »

Ënnert der Leedung vum Marc sengen zwee Bouwen Yves a Jeff Bertholet ginn nach ëmmer all Aarbechten ewéi Bannenaarbechten (z.B. Tapezéieren, Buedem verleeën, Dekoratiounsaarbechten...) a Baussenaarbechten (z.B. Fassaden) ugebueden. Donieft ginn awer och vill nei Techniken, déi den Yves a spezielle Weiderbildunge léiert ugebueden. De lëtzebuergesche Familljebetrieb huet sech moderniséiert a besteet haut aus 12 Gesellen an engem Léierbouf, déi Hand an Hand schaffen, fir de Wënsch vum Client gerecht ze ginn. Mir soen op dësem Wee alle Gesellen a Léierbouwen, an all eise Clienten, fir déi mir geschafft hunn an nach wäerte schaffen ee grousse Merci, well ouni si all wäre mir lo haut net do wou mir lo sinn.

Marc, Yves an Jeff Bertholet

Peinture et Decors Marc Bertholet et fils s.a.r.l